E Mëttwochnomëtte fir d'Lescht gesinn: E Mëttwochnomëtte fir d'Lescht gesinn: Den 23 Joer alen Houssame Bounamcha gëtt vermësst
Zanter 16 Auer gëtt nom 23 Joer alen Houssame Bounamcha gesicht.
Zanter 16 Auer gëtt nom 23 Joer alen Houssame Bounamcha gesicht.
Wéi et vum Brandenburger Ëmweltministère heescht, gouf et an der Géigend vun der PCK-Raffinerie a Brandenburg eng Havarie un enger Pipeline.
Fir den US-Leetzëns ass et elo den nidderegste Stand zanter ronn dräi Joer.
Vum 11. Dezember bis den 3. Januar gëtt déi 33. PDC-Weltmeeschterschaft am Norde vu London gespillt.
Vum 11. Dezember bis den 3. Januar gëtt déi 33. PDC-Weltmeeschterschaft am Norde vu London gespillt.
Den Nationalrot vun der CSV huet e Mëttwoch den Owend iwwer d'Nominéierunge vum Marc Spautz als Aarbechtsminister an der Martine Hansen als Sportministesch ofgestëmmt.
De CGDIS erwäänt a sengem Bulletin verschidden Accidenter esou wéi e puer Feier.
Wéinst engem landeswäite Streik a Portugal, deen ënner anerem den Transportsecteur betrëfft, rechent Luxair en Donneschdeg mat Stéierungen am Fluchverkéier.
Bei de Pëtrolspräisser ass et vun en Donneschdeg um Hallefnuecht un eng Baisse beim 98er Bensinn.
En Affer vun haislecher Gewalt erzielt, wéi psychesch Gewalt séier eskaléiere kann an zu physescher Gewalt féiere kann.
Wéi d'Police mellt, koum et an der Nuecht op e Mëttwoch zu engem Abroch an e Buttek zu Ëlwen.
De Luc Frieden kandidéiert um Nationalkongress d'nächst Joer am Mäerz nach eng Kéier fir de Poste vum CSV-President – dat huet hien en Dënschdeg an der CSV-Fraktioun annoncéiert a vis-à-vis vun RTL confirméiert.
Am zweeten Deel vum Politmonitor vun Ilres fir RTL an d'Lëtzebuerger Wort geet et ëm d'Suerge vun de Leit an aktuell Sujeten.
D'USA plangen, datt Touristen aus Länner, déi vun der Visapflicht befreit sinn (iwwert de "Visa Waiver Program"), an Zukunft bei der Arees hir Onlineaktivitéite mussen uginn.
Bis de Mäerz 2029 muss den Europäesche Patientendossier stoen.
Liewenslaange Prisong, dat ass de Verdikt fir d'Haaptugeklote wéinst dem Mord un engem Lëtzebuerger Resident 2021 a Portugal.
Den 13. November dëst Joer huet d'Justiz 798,84 Kilo Cannabis am Cargozenter um Findel saiséiert.
Kuerz virun 13 Auer e Mëttwoch kruten d'Rettungsdéngschter en Accident op der N7 tëscht der Fléiber an dem Fridhaff gemellt.
De Leapmotor B10 soll deen europäeschste chineeseschen Auto um Marché sinn, behaapten déi Responsabel vun der Mark.
Eng Hausse vun der Iessenszoulag beim Staat misst am Kader vum Gehälteraccord verhandelt ginn – dat war d’Conclusioun vun der Chamber Petitiounskommissioun nom Debat e Mëttwoch de Moien iwwert eng Petitioun, déi gefuerdert huet, datt d’allocation de repas vun de Staatsbeamten vun 10,80 op 15 Euro pro Schaffdag an d’Luucht gesat gëtt.
E Mëttwoch den Owend ass et d'Suite vum 6. Spilldag vun der Futtball-Champions-League.
Déi venezuelanesch Friddensnobelpräis-Laureatin Maria Corina Machado wäert e Mëttwoch net un der Präisiwwerreechung zu Oslo deelhuelen.
Der Police op der Gare ass e Mann opgefall, deen am Gaang war, Drogen ze verkafen.
En Dënschdeg den Owend gouf et zwee Accidenter, bei deenen d'Chaufferen ze déif an d'Glas gekuckt haten.
De Marc Spautz traut sech an iwwerhëlt en Dossier, dee scho bal méi wéi "e waarmt Eisen" ass. Den CSV-Politiker krut seng sozial Säit mat an d'Wéi geluecht a seet selwer, dass säin Häerz och haut nach fir d'Gewerkschafte schléit.