Faktencheck: Keen Zesummenhang tëscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen
Zënter dem Ausbroch vu Covid-19 an der Aféierung vun neiaartege Vaccinen, déi gehollef hunn, d'Pandemie anzedämmen, sinn mRNA-Impfstoffer ëmmer nees Zil vun Desinformatioun. Kierzlech gouf am Internet behaapt, eng däitsch Etüd wär zur Konklusioun komm, dass d'Vaccine Kriibs souwéi Autoimmunkrankheeten ausléise kéinten.