Sträit ëm Suen: Kläpperei tëscht véier Leit op der Gare - ee Verdächtege festgeholl
En Dënschdeg am Nomëtteg ass et zu enger Kläpperei tëscht véier Persounen am Garer Quartier komm. Eng Policepatrull ass op d'Plaz gefuer a konnt zwee Männer vuneneen trennen, déi sech an d'Hoer krut haten.