Cyclocross: Victoire fir d'Lucinda Brand zu Sint-Niklaas, Marie Schreiber verpasst Top 10 knapps
An der Belsch huet déi 37 Joer al Hollännerin op en Neits d'Konkurrenz hannert sech gelooss. Fir d'Marie Schreiber ass déi 11. Plaz erausgesprongen.