Valérie Hayer a Charel Goerens: "D’Allianz tëscht de moderéierte Konservativen an der europäescher Mëtt bestäerken"
D'Presidentin vu Renew Europe, d'Valérie Hayer, war e Mëttwoch op Besuch zu Lëtzebuerg. Déi liberal EU-Deputéiert hat eng Entrevue mam Premier Luc Frieden an en Iesse mat hirem Parteikolleeg, dem EU-Deputéierte Charel Goerens a Membere vun der Press.