Laboratoiren am Opschwong: Proximitéit fir d'Patienten oder Konkurrenz am Duerfkär?
Zu Steesel bitt sech de Moment e Bild, dat een zu Lëtzebuerg ëmmer méi dacks gesäit: Zwee Laboratoiren, bal Dier un Dier, direkt am Duerfkär. Do, wou fréier eventuell eng Epicerie oder e Bäcker war, fënnt een haut ëmmer méi dacks medezinesch Servicer.