Den Iwwerbléck vum internationale Futtball: Real Madrid verléiert bei Osasuna, Juventus an der Kris
An der spuenescher La Liga huet Real Madrid duerch ee spéide Géigegol mat 1:2 géint Osasuna verluer a kann d'Tabelleféierung e Sonndeg nees un den FC Barcelona verléieren. An Italien ass Juventus donieft no enger weiderer Defaite géint Como zanter fënnef Matcher ouni Victoire.