Krich am Noen Osten: Luxair-CEO ass "immens houfreg", nodeems iwwer 200 Leit rapatriéiert goufen
Nodeems zwee Rapatriementsflich aus dem Noen Osten en Donneschdeg um Findel gelant sinn, huet de Gilles Feith vun enger grousser Koordinatioun geschwat an ënnerstrach, datt een houfreg wier, d'Lëtzebuerger a kuerzer Zäit a Sécherheet bruecht ze hunn – regulär Flich op Dubai wäert d'Luxair awer bis op Weideres net méi maachen.