"Cathédrale de la Fensch": Eng Kierch, wéi verluer tëscht Autobunnsspueren
Vill Automobilisten, déi iwwer d'A31 bei Thionville fueren, hu se scho bemierkt. Eng grouss Kierch, déi schéngt, wéi wa se matzen an der Autobunn stoe géif. D'Gebai gëtt dacks „Cathédrale de la Fensch“ genannt.