Stroossenaarbechten zu Stengefort: Haaptstrooss a Richtung Belsch zwou Wochen zou
Tëscht dem 14. an dem 27. Mäerz wäerten d'N6 an den CR106 am Zentrum vu Stengefort gespaart sinn. D'Deviatioune ginn iwwer d'Rue de Hobscheid an d'Rue de Collart.