Eenegung mat de Sozialpartner: ArcelorMittal entléisst keen, ma Plaze ginn awer ofgebaut
Trotz dem Ofbau vu ronn 300 Aarbechtsplazen huet de Stolkonzern ArcelorMittal zesumme mat de Sozialpartner betount, datt et keng Entloossunge gëtt an d'Zukunft vun der Siderurgie zu Lëtzebuerg geséchert bleift.