Fréijoer a Summer an der Stad: Bei dësen Evenementer kann ee vum gudde Wierder dobausse profitéieren
Mat de méi laangen Deeg an de méi héijen Temperature kënnt och d’Loscht zeréck, nees méi dobaussen ze sinn. An der Stad gëtt dat Gefill dann och aktiv opgegraff: mat engem breet gefächerte Programm u Manifestatiounen, dee sech vum Fréijoer bis an de spéide Summer zitt.