Dëschtennis: Hueschtert-Foulscht an Houwald stinn an der Finall
E Sonndeg stoungen am nationalen Dëschtennis-Championnat béid Retourmatcher vun den 1/2-Finallen um Programm.
E Sonndeg stoungen am nationalen Dëschtennis-Championnat béid Retourmatcher vun den 1/2-Finallen um Programm.
An de leschte Jore war den Turnsall vum INS dem Quentin Brandenburger säin Zweet doheem. Nom Lycée ass hien de Wee vum Sportzaldot gaangen. Elo huet hien d’Turnerhal vum INS um Cents hannert sech gelooss an trainéiert hei vir an Däitschland zu Saarbrécken.
An de leschte Jore war den Turnsall vum INS dem Quentin Brandenburger säin Zweet doheem. Nom Lycée ass hien de Wee vum Sportzaldot gaangen. Elo huet hien d’Turnerhal vum INS um Cents hannert sech gelooss an trainéiert hei vir an Däitschland zu Saarbrécken.
Fir Käerjeng ass et den insgesamt 22. Coupegewënn. D'Déifferdenger Damme mussen no der 23:25-Néierlag weider op den éischten Titel zënter hirem Bestoe waarden.
Mam Survival-Thriller APEX bréngt Streaming Plattform Netflix eng intensiv, awer net ganz nei Geschicht op de Bildschierm.
Et ass een vun de wichtegste Rendez-vouse fir jonk Katholicken. Déi traditionell Kommunioun ronderëm Ouschteren. D'Monique Kater war an enge vun de gréisste Poren am Land kucken, wou den Dechen e Sonndeg déi lescht vu fënnef Kommunioune fir dëst Joer zelebréiert huet.
De soziale Fortschrëtt organiséieren! Dat war d'Thema vum Nationalkongress vun déi Lénk e Sonndeg zu Mamer. Wéi gewinnt, hu si net mat Kritik un der Regierung gespuert.
Fir vill Leit eng abstrakt juristesch Fro, fir Kreativer awer eng ganz konkret Realitéit, déi ëmmer méi ënner Drock geréit.
An engem geckege Match zu Le Havre konnt den FC Metz véier Mol ausgläichen, ma um Enn sollt et awer just bei engem Punkt bleiwen, duerch deen den Ofstig an d'Ligue 2 quasi net méi ze verhënneren ass.
D'Haaptcourse vum Spa Summer Classic dëse Weekend zu Francorchamps waren "3 Hours" mat net manner ewéi fënnef Lëtzebuerger Equipagen um Depart.
Am Kader vum Optakt vun der DTM goufen zu Spielberg an Éisträich d'Manchen 3 a 4 vum Porsche Carrera Cup Däitschland gefuer.
Am Kampf ëm de Championstitel bleift et och nom 26. Spilldag weider spannend. Dobäi war et dem Schlussliicht Péiteng bal gelongen, dem Leader Déifferdeng ee Been ze stellen.
D'Rettungsekippe vum CGDIS haten e Sonndeg ganzer siwen Asätz wéinst Accidenter, bei deenen am Ganzen aacht Leit blesséiert goufen.
Am Mali hunn Dschihadisten an Tuareg-Rebellen de Weekend landeswäit Attacken op d'Militär lancéiert.
De Weltmeeschter huet de jonke Paul Seixas am Duell hannert sech gelooss an ass um Enn zu Léck eleng iwwert d'Arrivée gefuer.
Den Alex Marquez konnt sech bei sengem Heem-Grand-Prix a Spuenien duerchsetzen. Ënner anerem géint säi Brudder Marc Marquez, fir deen d'Course wéinst enger Chute scho fréi eriwwer war.
De neien Episod Presto iwwer de Phenomen Picasso a säi Wierk mam Titel „Guernica“.
De Kenianer Sabastian Sawe huet 1 Stonn, 59 Minutten an 30 Sekonne fir d'Marathondistanz zu London gebraucht.
Dat ass déi zweet Hiriichtung bannent zwee Deeg.
En Donneschdegowend schonn hat d'Feier ugefaange sech auszebreeden.
An engem Radius vun 300 Meter goufen d'Leit opgefuerdert, hir Wunnengen ze verloossen.
Accident mat engem Blesséierten e Sonndeg op der B40.
Et waren och um Samschdeg nees eng Partie Automobilisten ënnerwee, déi ze vill gedronk haten.
Siwen zäitgenëssesch Artiste setze sech mam Sujet "Kaméidi" auserneen.
Kann den Tadej Pogacar sech erëm duerchsetzen? D'Konkurrenz ass gutt preparéiert. Mat um Depart sinn och 3 lëtzebuergesch Coureuren.