A13: Tunnel Marksubierg e Sonndeg a béid Richtunge gespaart
Wéinst engem gréisseren Exercice vu Ponts et Chaussées, CGDIS, Police an ITM ass den Tunnel a béid Richtunge e Sonndeg vu 7 bis 20 Auer komplett gespaart.