Bei der CNS an der Stad: Accident tëscht Cyclist an Automobilist, Police sicht Zeien
E Samschdeg de Moie koum et géint 11.15 Auer an der Escher Strooss an der Stad, bei der Ausfaart vun der CNS, zu engem Accident tëscht Vëlo an Auto.