Commentaire vum Pierre Jans: Wann e Sonndeg Wale wären...
An der TNS Ilres Sonndesfro gouf d'Regierungskoalitioun gestäerkt, den Opstig vun de Piraten liicht gebremst an d'CSV mat engem klenge Erfollegserliefnis fir hir rabiat Oppositiounsaarbecht belount.
Dëse Sondage ass wuel tëschent Guillemeten "just" en aktuelle Stëmmungsbarometer e gutt Joer virun de Walen a keng Prognose. An awer loosse sech Trends erkennen.