Faktencheck: WM 2022: Firwat d'Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schwéier ze bezifferen ass
Am Moment leeft d'Futtball-Weltmeeschterschaft am Katar. Am Virfeld dovu goung vill Rieds vun den Aarbechtskonditiounen am arabesche Golfstaat; ënner anerem och doriwwer, wéi vill Leit bei de Bauaarbechte fir d'WM ëm d'Liewe koumen.