World News in Luxembourgish

Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital Wärung ageféiert

RTL.lu 
De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass ëmmer nees Bestanddeel vu verschiddene Konspiratiounstheorien, déi d'Organisatioun als Sproochrouer vun enger globaler Elitt ugesinn, déi d'Welt kontrolléiere wëll. Am Januar 2024 ass op Facebook an op der Plattform X e Video opgedaucht, an deem de Chef vum chineeseschen E-Commerce-Gigant Alibaba ze gesi war. An de Bäiträg dozou gouf fälschlecherweis behaapt, dass hien de WEF representéiere géif an d'Aféierung vun enger globaler digitaler Wärung ugekënnegt hätt, fir d'Konsumenten ze "verfollegen".

Читайте на 123ru.net