Mëssgeschéck vu Bezos-Firma: Satellit op falscher Ëmlafbunn ausgesat
Dem Amazon-Grënner Jeff Bezos seng Raumfaartfirma Blue Origin huet e Satellit op enger ze niddreger Ëmlafbunn ausgesat. Do ass de Betrib net méiglech, sou datt de Satellit wäert ofstierze gelooss ginn.